Jobs d’étudiants

🇱🇺

Léif Matbiergerinnen,
Léif Matbierger,

D’Gemeng Lenneng wäert dëst Joer wärend der Summervakanz eng limitéiert Unzuel u Student(innen)en astellen, déi hiren offizielle Wunnsëtz an der Gemeng Lenneng hunn. Prioritéit beim Astellungsverfaren hunn d’Student(innen)en, déi nach ni bei der Gemeng Lenneng wärend enger Summervakanz agestallt waren.

D’Student(innen)en si gebieden hir schrëftlech Demande bis spéitstens dënschdes, de 15. Juni 2021 op der Gemeng Lenneng ofzeginn. Bei der Demande muss e Schoulzertifikat fir d’Schouljoer 2020/2021 bäigefüügt sinn, respektiv eng Kopie vum „Brevet A” fir déi Interesséiert um Posten an der Maison Relais “Mueresgässel”.

Offizielle Communiqué

🇫🇷

Chères concitoyennes,
Chers concitoyens,

L’Administration communale de Lenningen embauchera cette année pendant les vacances scolaires d’été un nombre limité d’étudiant(e)s ayant leur résidence officielle dans la Commune de Lenningen. Les étudiant(e)s qui n’ont jamais travaillé pendant les vacances scolaires d’été auprès de l’Administration communale de Lenningen auront une priorité à l’embauche.

Les étudiant(e)s sont prié(e)s de présenter leur demande écrite pour mardi, le 15 juin 2021 au plus tard à l’Administration communale de Lenningen. La demande doit être accompagnée d’un certificat de scolarité de l’année scolaire 2020/2021, respectivement d’une copie du «Brevet A» pour les intéressé(e)s au poste auprès de la Maison Relais «Mueresgässel».

Communiqué officiel

Des articles de la même catégorie

Kollekt vum Grünschnitt / Collecte des déchets verts

Kollekt vum Grünschnitt / Collecte des déchets verts

Léif Matbiergerinnen,Léif Matbierger, Mir hu grad d'Informatioun kritt, datt wéinst technesche Problemer bei der Firma Lamesch, d'Kollekt vun haut betreffend de Grünschnitt huet missen ënnerbrach ginn. Muer, de 15. Juni 2021 gëtt d'Kollekt vum Grünschnitt fäerdeg...

lire plus
Rétrospective 2020

Rétrospective 2020

Léif Matbiergerinnen,Léif Matbierger, Dir konnt an de leschten Deeg eis éischt Rétrospective, déi vun 2020, an Ärer Bréifkëscht fannen. Hei kënnt Dir se natierlech och fannen.Mir wënschen Iech vill Spaass beim Duerchbliederen. Chères concitoyennes,Chers concitoyens,...

lire plus
Aller au contenu principal