Léif Matbiergerinnen,
Léif Matbierger,
De Schäfferot vun der Gemeng Lenneng invitéiert iech häerzlech op d’Biergerversammlung déi mëttwochs, de 24. Abrëll 2024 um 19:00 Auer an der Sportshal “A Wëllems” zu Kanech stattfënnt.
Sujeten:
- Begréissung;
- Presentatioun vun den ofgeschlossenen, den aktuellen an den zukünftege Projeten;
- Urbanistesch Entwécklung vun eisen Dierfer;
- Eis konsultativ Kommissiounen;
- De Budget vun der Gemeng;
- Ëmwelt an Naturschutz;
- Froen an Austausch.
(Mat Iwwersetzung op franséisch wa gewënscht).
Ofschléissend invitéiert d’Gemeng op den Éierewäin.
De Schäfferot vun der Gemeng Lenneng freet sech elo schonn iech mëttwochs, de 24. Abrëll 2024 um 19:00 Auer begréissen ze kënnen.
Chères concitoyennes,
Chers concitoyens,
Le Collège des Bourgmestre et Échevins de la commune de Lenningen vous invite chaleureusement à une réunion d’information pour la population qui aura lieu mercredi, le 24 avril 2024 à 19:00 heures au hall sportif «A Wëllems » à Canach.
Les sujets:
- Mot de Bienvenue;
- Présentation des projets achevés, en cours et futurs;
- Développement urbain de nos villages;
- Nos commissions consultatives;
- Budget communal;
- Environnement et protection de la nature;
- Questions et réponses.
(Avec traduction en langue française si souhaité).
La réunion sera clôturée par un vin d’honneur offert par la Commune.
Le Collège Échevinal de la commune de Lenningen se réjouit d’ores et déjà de vous accueillir le mercredi 24 avril 2024 à 19:00 heures.