Vollekszielung 2021 / Recensement général de la population 2021

🇱🇺
Léif Matbiergerinnen,
Léif Matbierger,

Mir informéieren iech, datt haut den 8. November 2021 déi grouss Vollekszielung ugefaangen huet.

Vum 8. November bis den 28. November 2021 kënnt dir de Questionnaire bequeem per Internet ausfëllen an är Donnéeën elektronesch dem STATEC iwwermëttelen. Dofir kritt déi eelste Persoun aus ärem Stot vum STATEC e Bréif zougeschéckt mat engem perséinlechem Code.

Vum 22. November bis de 26. November 2021 gëtt de Questionnaire op Pabeier un déi Stéit verdeelt, déi nach net online un der Vollekszielung deelgeholl hunn.

Gitt wann ech gelift onbedéngt vun all Persoun aus ärem Stot d’Nimm, d’Virnimm an d’Gebuertsdeeg esou un wéi se op der Identitéitskaart stinn.

Deelhuelen un der Vollekszielung ass obligatoresch.

🇫🇷
Chères concitoyennes,
Chers concitoyens,

Nous vous informons qu’aujourd’hui, 8 novembre 2021, le recensement général de la population vient de débuter.

Vous avez la possibilité de répondre en toute tranquillité par internet audit questionnaire et ceci du 8 novembre jusqu’au 28 novembre 2021 et de transférer vos données de manière électronique au STATEC. Par conséquent, la personne la plus âgée de votre ménage recevra une lettre avec un code personnel de la part du STATEC.

La distribution des questionnaires papier se fera entre le 22 novembre et le 26 novembre 2021. Seuls, les ménages n’ayant pas répondu de manière électronique recevront un questionnaire papier.

En remplissant le questionnaire, les noms et prénoms ainsi que les dates de naissance de toutes les personnes de votre ménage sont à encoder de manière identique à celle indiquée sur leur carte d’identité.

La participation au recensement est obligatoire.

Recensement 2021

Des articles de la même catégorie

Verkaf vu Brennholz  / Vente de bois de chauffage

Verkaf vu Brennholz  / Vente de bois de chauffage

Léif Matbiergerinnen,Léif Matbierger, D'Awunner aus der Gemeng Lenneng kënne bis de 17. Dezember 2021 beim zoustännegem Fieschter Brennholz fir de Wanter 2022 bestellen. Fannt wann ech gelift de Formular fir d'Holz ze bestellen ënnert dësem Artikel.   Chères...

lire plus
Sammele vun Ënnerschrëften / Collecte des signatures

Sammele vun Ënnerschrëften / Collecte des signatures

Léif Matbiergerinnen,Léif Matbierger, De Schäfferot vun der Gemeng Lenneng informéiert d’Wieler, déi d’Walrecht fir d’Chamberswalen hunn an déi an der Gemeng Lenneng domiciliéiert sinn, datt si d’Demande iwwert d’Ofhale vun engem Referendum iwwert d’Propositioun vun...

lire plus
Aller au contenu principal