
Chrëschtmaart, Visitt vum Kleeschen an d’Stëmmmänner
Ab 16:00 Auer sinn d’Stänn op an d’Veräiner aus onser Gemeng suerge fir vill Leckereien a Gedrénks. Och verschidden Hobbykënschtler sinn dobäi a presentéieren hir flott handgemaachte Kreatiounen.
Géint 16:30 Auer kënnt de Kleeschen op eise Chrëschtmaart – speziell fir déi nach net schoulflichteg Kanner aus der Gemeng. Vergiesst net Äre Bong matzebréngen.
Géint 19:00 Auer suergen d’Stëmmmänner fir musikalesch Ënnerhalung.

