Klimabonus-Informatiounsowend zu Wormer
Op dësem Informatiounsowend vun de Gemenge Fluessweiler, Lenneng a Wormer kritt dir nëtzlech Informatiounen iwwer erneierbar Energien, Wärmepompelen, Photovoltaik, energeetesch Sanéierung an Elektro-Mobilitéit. Ausserdeem gëtt et Wëssenswäertes iwwert d’Subsiden- an d’Bautereglementer vun den 3 Gemengen. Op den Info- a Berodungsstänn kënnt dir direkt mat de lokale Betriber an de Mataarbechter aus dem Service Technique iwwert är Projete schwätzen. Eng Initiative vun de Klimateamer Fluessweiler, Lenneng a Wormer.
