Léif Matbiergerinnen,
Léif Matbierger,
Léif Alleguer,
Mir lueden iech häerzlech op onse Chrëschtmaart an, deen de 4. a 5. Dezember 2026 jeeweils vu 16:00 Auer bis 23:00 Auer virum Gemengenhaus zu Kanech stattfënnt an dëst an Zesummenaarbecht mat lokale Veräiner.
Programm vum 4. Dezember 2026
- Ouverture vun de Verkafs-, Iess- a Gedrénksstänn um 16:00 Auer.
- Visitt vum Kleesche géint 16:30 Auer, speziell fir déi nach net schoulflichteg Kanner aus der Gemeng. Vergiesst wann ech gelift net äre Bong matzebréngen!
- Géint 19:00 Auer suergen d’Stëmmmänner fir musikalesch Ënnerhalung.
Programm vum 5. Dezember 2026
- Ouverture vun de Verkafs-, Iess- a Gedrénksstänn um 16:00 Auer.
- Um 19:30 Auer fänkt an der Kierch de Concert Wintersounds of Classic un.
Mir freeën ons op zwee flott Deeg mat iech an op eng gemittlech Chrëschtstëmmung!
–
Chères concitoyennes,
Chers concitoyens,
Chers tous,
Nous avons le plaisir de vous inviter à notre marché de Noël, qui se tiendra le 4 et le 5 décembre 2026 de 16h00 à 23h00 devant la maison communale à Canach en collaboration avec des associations locales.
Programme du 4 décembre 2026
- Ouverture des stands de vente, de restauration et de boissons à 16h00.
- Visite du Saint-Nicolas vers 16h30, spécialement destinée aux enfants de la commune qui ne sont pas encore scolarisés. N’oubliez pas de vous munir de votre bon!
- Animation musicale assurée par le groupe «Stëmmmänner» vers 19h00.
Programme du 5 décembre 2026
- Ouverture des stands de vente, de restauration et de boissons à 16h00.
- Concert Wintersounds of Classic à l’église à 19h30.
Nous nous réjouissons de passer ces deux belles journées avec vous dans une ambiance chaleureuse et festive de Noël!




