22 Gemengen | Een Osten | Eng Visitt – D’Regioun am Mëttelpunkt
E Freideg, den 02. Oktober 2026 steet Éinen am Zeeche vun der Joyeuse Entrée vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse.
Um Puddel empfänkt d’Regioun d’groussherzoglech Koppel zu dësem besonneschem a feierlechem Rendez-vous.
D’Festivitéite fänken um 14:00 Auer mam Miseler Genoss Maart un. Och Vertrieder aus de Beräicher Tourismus, Benevolat a Wäibau wäerten dobäi sinn.
Den Héichpunkt ass d’Arrivée vun der groussherzoglecher Koppel um 15:00 Auer.
Och nom offiziellen Deel bleift Éinen eng Plaz fir Begeeschterung an Zesummekommen. E Volleksfest mat musikaleschem Programm vun The Musketeers and Friends. Bis 01:00 Auer ass fir eng ganz gutt Atmosphär gesuergt.
Den offizielle Programm zu der Joyeuse Entrée fannt dir ënnert follgendem Link: Invitatioun an Informatiounen
De Visiteure stinn Aller-Retour Navetten zur Verfügung. Den Horaire zu de Navette fannt dir ënnert dësem Link: Navetten




