Hu Dir nach Erënnerungen, Geschichten, al Fotoen oder Dokumenter vun der Schmëdd?
Am Häerz vu Lenningen, vis-à-vis vun der Basilika, steet déi historesch Schmëdd – e wäertvollt Stéck lokal Geschicht, dat mir wëllen erhalen an nei beliewen.
Am Kader vun engem Projet zur Restauratioun an Ëmnotzung vum Gebai, an Zesummenaarbecht mam OAI am Kader vum Concours «Gîtes Miselerland», wëll d’Gemeng Lenningen méi iwwer d’Vergaangenheet vun dëser Plaz gewuer ginn.
Dofir ziele mir op Är wäertvoll Ënnerstëtzung! Vläicht erënnert Dir Iech un d’Leit, déi an der Schmëdd geschafft hunn, un hir fréier Aktivitéiten oder un Evenementer, déi mat dësem Gebai verbonne sinn. All Erënnerung, all Foto, all Dokument an all perséinlech Zeienausso kann dozou bäidroen, d’Geschicht vun der aler Schmëdd ze dokumentéieren an an den zukünftege Projet anzebannen.
MAACHT MAT AN DEELT ÄR ERËNNERUNGEN!
Wann Dir Informatiounen, Fotoen oder Dokumenter hutt, da mellt Iech w.e.g. bei eis. Mir freeën eis iwwer all Bäitrag!
Kontakt:
Tel.: 35 97 35 – 30;
E-Mail: technique@lenningen.lu
Zesumme wëlle mir e Stéck Lenninger Geschicht erhalen an him eng Zukunft ginn!




