Feierlechkeeten zum Nationalfeierdag | 22. & 23. Juni 2026

Léif Matbiergerinnen,
Léif Matbierger,

Mir lueden Iech gär an zesummen Nationalfeierdag ze feieren!

Festivitéiten um Virowend vum Nationalfeierdag

Méindes, den 22. Juni 2026
ab 19:00 Auer zu Kanech op der Gemengeplaz

Nationalfeierdag | Te Deum

Dënschdes, den 23. Juni 2026 um 11:00 Auer an der Kierch zu Kanech

Programm

Méindes, den 22. Juni 2026 | Virowend vum Nationalfeierdag

19:00 Auer: Aperitif & Live-Musek

20:00 Auer

  • Usprooch vum Buergermeeschter;
  • Iwwerreeche vun de Medailen un d’Pompjeeën;
  • D’Fanfare Kanech spillt d’Lëtzebuerger Nationalhymne.

Uschléissend: Live-Musek

Navette vu Lenneng op Kanech
Départ zu Lenneng um Arrêt “am Acker” op Kanech, Arrêt “Post” ab 17:30 Auer all 30 Minutte bis 20:30 Auer.
Retour vu Kanech um Arrêt “Post” op den Arrêt “am Acker” zu Lenneng ab 21:30 Auer all 30 Minutte bis 01:30 Auer.

Dënschdes, den 23. Juni 2026 | Nationalfeierdag

Um 11:00 Auer

  • Te Deum an der Kierch zu Kanech;
  • Uschléissend invitéiert d’Gemeng op den Éierewäin.

Déi offiziell Invitatioun mam Programm fannt Dir ënnert follgendem Link → Aluedung

Dernière mise à jour le 10.06.26

Des articles de la même catégorie

Aller au contenu principal