Léif Matbiergerinnen,
Léif Matbierger,
Mir informéieren iech, datt e Sonndeg, den 12. Juli 2026 déi 13. Editioun vum Ironman 70.3 Luxembourg stattfënnt.
D’Vëlosfuerer passéieren an deem Kader ënner anerem d’Uertschaft Kanech.
Dowéinst sinn d’rue Hardt (CR 145), d’Schëtterstrooss (CR 188) an dat Stéck vun der Éiterstrooss (CR 144), wat déi zwou Stroosse matenee verbënnt, vu 06:00 Auer bis 15:00 Auer gespaart. Et ass och verbueden an deem Zäitraum a béid Richtungen an deene Stroossen ze parken.
Dës Verkéiersmesuren hunn och Auswierkungen op den ëffentlechen Transport. Mir bieden iech den ugepasste Fuerplang op mobiliteit.lu unzekucken.
Mir soen iech Merci fir äert Versteesdemech a bieden iech är Faarten deementspriechend unzepassen.
–
Chères concitoyennes,
Chers concitoyens,
Par la présente, nous souhaitons vous informer que la 13ᵉ édition de l’Ironman 70.3 Luxembourg aura lieu le dimanche 12 juillet 2026.
Dans ce cadre, la course cycliste traversera notamment la localité de Canach.
Ainsi, la rue Hardt (CR 145), la rue de Schuttrange (CR 188), ainsi que le tronçon de la rue d’Oetrange (CR 144) reliant ces deux rues, seront barrées à toute circulation de 06h00 à 15h00. En outre, le stationnement y sera interdit dans les deux directions.
Ces mesures de circulation auront également des répercussions sur les transports en commun. Nous vous invitons à consulter les horaires adaptés sur le site mobiliteit.lu
Nous vous remercions pour votre compréhension et vous invitons à adapter vos déplacements en conséquence.
Liens associés:
– Parcours de la course à vélo
– Programme et horaires de la course cycliste
– Site web de l’Ironman 70.3 Luxembourg




