
Questionnaire Jugendhaus Gemeng Lenneng

Et gëtt deemnächst e Jugendhaus an Denger Gemeng.
Am Numm vum Gemengerot invitéieren ech Dech dozou fir Deng Meenung ze soen. Zesumme mat Caritas Jeunes et Familles si mir amgaang e Konzept
fir d’Jugendhaus auszeschaffen. Dat wëlle mir awer onbedéngt mat Dir zesumme maachen.
Deng Meenung intresséiert eis !
Dofir komm a fëll wgl. op dem Internetsite vun der Gemeng e Formulaire aus an deem s Du eis sees wat Dech an Dengem Jugendhaus intresséiere géing.
Als Buergermeeschter wär ech frou wa mir Dir domadder kënne Freed a Spaass ubidden.